Vill vun eis si méisproocheg a froen sech, wéi si hir Kanner am beschte beim Sproocheléieren ënnerstëtze kënnen. Dësen Informatiounsowend analyséiert e puer vun de Mythen ronderëm Méisproochegkeet a presentéiert Prinzippien, Methoden a Strategië fir Méisproochegkeet ze fërderen.

Wann Dir wëllt matmaachen, da mellt Iech w.e.g. virum 16. November
beim Claudine Kirsch

claudine.kirsch@uni.lu